Op engem Video, deen um Internet zirkuléiert, gesäit een zwee Männer mat mëttelalterlechen Helmer sech géigesäiteg eng mat enger Pan schloen.

Dat op engem Fest hei am Land, well et héiert ee se op Lëtzebuergesch gecksen. De Video ass lo scho méi ewéi eng Millioun Mol gekuckt ginn an am Ausland vill gedeelt ginn.

Déi zwee Männer hu Chance: Well se en Helm unhunn, bleiwe se – wa se wëllen – anonym. RTL gouf awer matgedeelt, datt si Member am Club Consilium B wieren. Iwwregens huet de Video et och schonns an d'Noriichte vu CNN gepackt.