Mindestpräisser an eng geziilt Besteierung géingen den Experten no zu de wierksaamsten a bëllegste Mesurë gehéieren, fir den Alkoholkonsum ze reduzéieren.

D'Weltgesondheetsorganisatioun hält Mindestpräisser fir alkoholesch Gedrénks fir immens wierksam, fir Alkoholiker dovun ofzehalen, ze vill Alkohol ze drénken. Der WHO no gëtt et op ville Plazen an Europa an där Hisiicht nach Nohuelbedarf.

Europa wier déi WHO-Regioun weltwäit mat deem héchsten Undeel un Doudesfäll a Relatioun mat Alkoholkonsum. Prozentual gesi mécht dat bei de Männer ronn 12% aus a bei de Fraen 8%, geet aus dem Rapport ervir, deen d'Weltgesondheetsorganisatioun en Dënschdeg verëffentlecht huet. Den Titel vum Rapport ass: "Keng Plaz fir bëllegen Alkohol: De potenzielle Wäert vu Mindestpräisser zum Schutz vu Mënscheliewen". Mindestpräisser fir Alkohol an eng geziilt Besteierung géingen den Experte vun der WHO no zu de wierksaamsten a bëllegste Mesurë gehéieren, fir den Alkoholkonsum a seng gesondheetlech Suitten ze reduzéieren. E Mindestpräis kéint den Zougang zu bëllegem Alkohol beschränken, dee virun allem mat staarkem Alkoholkonsum zesummenhänkt, heescht et weider.

D'WHO zielt 53 Länner zur Regioun Europa, dorënner nieft der EU och Deeler vun Osteuropa an Zentralasien. A just 11 vun dëse Staate gëtt et e Mindestpräis op bestëmmt alkoholesch Gedrénks an iergendenger Form, déi meescht dovun op Wodka an aner héichprozenteg Spirituosen. An der EU ziele just Irland an d'Slowakei zu dëse Länner. Am Duerchschnëtt louch de Mindestpräis 2020 an dësen 11 Länner bei 2 bis 5 Dollar pro Liter Béier, bei 5 bis 12,50 Dollar pro Liter Wäin an tëscht 12,50 a 40 Dollar pro Liter Wodka.

"Et gëtt keng Wonnerwaff, mä e weideren Outil am Arsenal vun de politeschen Decideuren, fir alkoholbedéngte Schied unzegoen", sou de Wëssenschaftler Colin Angus. An aneren europäesche Länner gëtt et dem WHO-Rapport no iergendeng Form vun Alkoholsteier. Dacks géing se awer net esou ëmgesat ginn, dass se warscheinlech zur Gesondheet vun der Bevëlkerung bäidroe géing. D'Majoritéit vun de Länner géing d'Alkoholsteieren iwwerdeems net der Inflatioun upassen, wat - der WHO no - bedeit, dass Alkohol mat der Zäit géing méi bëlleg ginn.

Alkohol ass WHO-Zuelen no fir schätzungsweis dräi Milliounen Doudesfäll pro Joer verantwortlech, bal eng Millioun an der WHO-Regioun Europa. An Europa stierwen deemno ronn 2.500 Leit pro Dag opgrond vun Alkoholkonsum.