Net fir ze drénken, ze kachen oder fir d'Zänn ze wäschen: Fir d'Awunner vun der Gemeng Villars-sur-Var ass d'Krunnewaasser wéinst dem waarme Wieder Tabu.

An de franséischen Alpes maritimes dierfen d'Awunner vun der Gemeng Villars-sur-Var zanter e Freideg kee Waasser aus dem Krunn méi benotzen, well déi lokal Quell wéinst dem waarme Wieder den Ament ze schwaach wier. Fir dës deemno ze schützen, dierften d'Leit kee Krunnewaasser méi benotzen, fir ze drénken, Iessen ze kachen oder d'Zänn ze wäschen, esou d'Annonce vun der Gemeng.