Ronn 6.000 Mënschen, selwerernannten Druiden a "Sonnenanbeter" hunn de längsten Dag vum Joer am südenglesche Stonehenge zelebréiert.

D'Mënschen hu mam Sonnenopgank um 4.49 Auer Lokalzäit dëse laange Summerdag begréisst. An dës Kéier huet de Moie vun der Summersonnewend besonnesch mystesch ugefaangen, well d'Sonn am décken Niwwel nawell Problemer hat duerchzekommen. Eréischt no gutt 20 Minutte konnt d'Sonn sech duerchsetzen a war um Himmel ze gesinn.

Der Stonehenge-Verwaltung no hu sech ronn 6.000 Mënsche fir dat gréisste Summersonnefest zanter dem Ufank vun der Corona-Pandemie virun iwwer 2 Joer do nees versammelt. Vill Visiteuren hunn déi "nei Energie" vun der Summersonn mat oppenen Äerm empfaangen, Männer an Togen hu Yogaübunge gemaach, anerer hu sech ëmäerbelt oder déi riseg Steng, fir mat hinnen ze "kommunizéieren".

Déi ëm 3000 viru Christus opgestallte Megalithsteng vu Stonehenge sinn de Fuerscher zanter Joerhonnerten e Rätsel. Déi gängegst Theorie zur Entsteeung vum Steenkrees ass, dass Mënsche schonn an der deemoleger Zäit den astronomesche Kalenner verstanen haten. Am Joer 1986 gouf Stonehenge op der Lëscht vum Weltierwe vun der UN-Kulturorganisatioun Unesco opgeholl.