E Mataarbechter vum beléifte Festival an Niedersachsen gouf vun engem Baggerfuerer wéi Dreck entsuergt. Glécklecherweis ass him näischt geschitt.

Net schlecht gestaunt hat e Mataarbechter vum "Hurricane"-Festival, deen aus Versinn um Tipp gelant ass. No senger Nuetsschicht huet hien an engem Zelt geschlof, wéi e Baggerfuerer hien a säin Iwwerdaach aus dem Wee geraumt an op enger Remorque mat anerem Dreck entsuergt huet. Den 23 Joer ale Mann am Bagger hat virdrun net kontrolléiert, ob nach eng Persoun am Zelt wier.

Gléck am Ongléck fir de Mann am Zelt. Dëse gouf bei där Aktioun nämlech net blesséiert.

Elo ermëttelt d'Police géint de Chauffer an e weidere Mataarbechter.