Wéinst Gotteslästerung an der Verbreedung vu reliéisem Haass musse sech elo 6 Persoune veräntweren.

Mat enger gratis Fläsch Alkohol huet et ugefaangen, mat bis zu 10 Joer Prisong kéint et op en Enn goen. Sechs Mataarbechter vun enger Bar haten donneschdes alle Clienten, déi Mohammed a Maria heeschen, eng gratis Fläsch Gin versprach. Eng ëmstridden Aktioun, déi dozou geféiert huet, dass déi concernéiert Mataarbechter festgeholl goufen. Hinne gëtt ënnert anerem Gotteslästerung a Verbreedung vu reliéisem Haass virgeworf. Am schlëmmste Fall musse si fir 10 Joer an de Prisong.

D'Aktioun, déi am muslimesch gepräägte Land héich Welle geschloen huet, gouf mëttlerweil vun den Internetsäiten erofgeholl. Verschidde Jugendorganisatiounen haten d'Bar wéinst Gotteslästerung bei der Police gemellt. Aner Gruppen hunn esouguer mat Ugrëff op Lokaler vun der Chaîne gedreet, zu där och dës Bar gehéiert. D'Kette selwer huet sech fir dëse Virfall entschëllegt an erkläert, näischt vun dëser Aktioun gewosst ze hunn.