An enger Déift vu bal 7.000 Meter si Fuerscher op d'Wrack vum amerikanesche Krichsschëff getraff. An där Déift gouf bis elo nach ni e Wrack erëmfonnt.

Bis ewell ass et nach ni engem gelongen, e Wrack erëmzefannen, wat ëm déi 7.000 Meter ënnert dem Mieresspigel läit. Am Verglach: D'Titanic läit op enger Déift vu ronn 4.000 Meter.

De 5. Oktober 1944 war d'USS Samuel B Roberts an engem Schluecht mat der japanescher Marinn versenkt ginn. Zu deem Ament waren d'Philippinnen nach eng amerikanesch Kolonie an d'US-Marinn huet géint déi japanesch Besatzung gekämpft. D'Schluecht vu Leyte huet e puer Deeg gedauert, an deenen d'Japaner, déi d'Insel besat haten, probéiert hunn, déi alliéiert Truppe un der Landung ze hënneren. 89 Membere vun den 224-Mann-Equipage vun der USS Samuel B Roberts haten d'Attack net iwwerlieft.

Elo, nodeem d'Wrack entdeckt gouf, huet en U-Boot an e puer Dauchgäng d'Sammy B komplett gefilmt, fotograféiert an inspizéiert. Dat huet déi texanesch Firma Caladan Oceanic matgedeelt, déi nom Boot gesicht an et och entdeckt huet.