E Sonndeg ass eng Rakéit vun der US-Raumfaartagence NASA um privaten Arnhem Space Center am Norde vun Australien gestart.

Et war déi éischte Kéier, datt d'NASA eng vun hire Rakéiten op engem privaten Terrain ausserhalb vun den USA an Orbit geschéckt huet. D'Rakéit huet Teleskoptechnik an déi no Ëmlafbunn vun der Äerd bruecht, mat där d'NASA Phenomener wëll erfuerschen, déi just vun der südlecher Hemisphär aus observéiert kënne ginn.

Fir Australien wier dëst e wichtege Schratt. Vun enger "Coming-Out-Party" vun der australescher Raumfaartindustrie huet de Chef vun der Bedreiwerfirma Equatorial Launch Australia geschwat. D'Chance, fir mat der NASA zesummenzeschaffen, wier e grousse Schratt fir déi privat Raumfaartentreprisen an Australien. Och den australesche Premier Anthony Albanese hat de Projet als Ufank vun enger "neier Ära" fir déi australesch Raumfaart bezeechent.

An den nächste Woche sinn zwee weider Starte geplangt.