An enger oppener Schwämm zu Berlin koum et op en Neits zu enger Massekläpperei. Virun enger Woch war en änlechen Tëschefall mat ronn 100 Leit.

Dës Kéier ware 250 Mënschen un der Kläpperei bedeelegt. Ugefaangen hat dat Ganzt e Sonndeg am Nomëtteg an enger Waardeschlaang virun der Rutschban vun der oppener Schwämm am Bezierk Neukölln, sou d'Police. Eng jonk Fra vun 21 Joer an hire Begleeder sollen do vun e puer Kanner mat Waasserpistoule besprëtzt gi sinn.

Et soll zu enger verbaler Ausernanersetzung komm sinn, an déi sech e Mann am Alter tëscht 35 a 40 Joer soll agemëscht hunn. Och hie soll der jonker Fra eng Waasserpistoul direkt virun d'Gesiicht gehalen hunn a gesprëtzt hunn. Eent koum bei d'anert - si huet hie bespaut an hien huet hir doropshin d'Waasserpistoul an d'Gesiicht geschloen.

Eng Rettungsekipp gouf geruff, déi d'Fra versuergt huet. Si hat d'Pistoul op d'Nues kritt, déi dowéinst staark geblutt huet. A well d'Nues gebrach war, ass d'Police nach derbäi geruff ginn. Nach wärend d'Beamten am Gaang waren, de Virfall opzehuelen, koum et zu Onrouen. D'Beamten an och d'Sécherheetspersonal vun der oppener Schwämm goufe vu bis zu 250 Leit bedrängt.

D'Schwämm gouf direkt zougemaach an d'Leit opgefuerdert, den Terrain ze verloossen, ma net jiddereen huet gefollegt. Eréischt wéi zousätzlech Polizisten op d'Plaz komm sinn, huet sech d'Situatioun nees berouegt.

De Mann, deen déi jonk Fra mat der Waasserpistoul geschloen hat, war net méi erëmzefannen. D'Ermëttlungen, ënner anerem wéinst geféierlecher Kierperverletzung, lafen.

Änleche Virfall réischt viru Kuerzem

De Weekend virdru waren och Sprëtzpistoulen am Spill, wéi et an der oppener Schwämm am Bezierk Steglitz zu enger Massekläpperei tëscht ronn 100 Leit koum.

D'Bedreiwer vun de Schwämmen zu Berlin haten doropshin annoncéiert, Sécherheetsleit z'engagéieren.