D'Meedche vu Linz hat grousst Gléck: Wéi hatt aus enger Fënster a 4 Meter Déift gefall war, huet en Automobilist hatt rechtzäiteg gesinn an opgefaangen.

Wéi et vun der Police heescht, wier de Mann mam Auto laanscht gefuer, wéi hien d'Kand bemierkt huet, dat sech no der Chute aus der Fënster mat leschter Kraaft um Fënsterbriet ugehalen huet. Den 41 Joer ale Mann hätt sech direkt ënnert d'Meedche gestallt, dat dee Moment véier Meter déif an d'Äerm vu sengem Retter gefall ass.

Dat 8 Joer jonkt Meedche wier ouni Blessuren dovu komm a koum rëm bei seng Mamm. Dës hat, obwuel si an der Wunneng war, näischt vum Virfall e Sonndeg am Nomëtteg matkritt.