An engem Video vun der NASA ginn d'Temperaturchangementer vun de leschten 141 Joer op der Äerd ugewisen.

Enger Analys vun der NASA no war déi duerchschnëttlech Uewerflächentemperatur vun der Äerd am Joer 2021 mat 2018 dat sechstwäermst Joer zanter dem Ufank vun den Opzeechnungen.

Am Hibléck op de laangfristegen Trend vun der Erwiermung vun de Planéite louchen d'Temperaturen de Wëssenschaftler vum Goddard Institute for Space Studies (GISS) no 2021 ëm 1,5 Grad Fahrenheit, respektiv 0,85 Grad Celsius iwwert dem Duerchschnëtt vun der Basisperiod vun der NASA. Dësen Zäitraum geet vun 1951 bis 1980.

Et gouf festgehalen, dass déi lescht 8 Joer déi wäermste Joren zanter de jéngsten Opzeechnunge vun 1880 u sinn. Dëst Joer gesäit et souguer no engem neie globalen Temperaturrekord aus.

Och de Physiker a Wëssenschaftler vum Finnish Meteorological Institute Antti Lipponen huet an deem Sënn rezent eng Simulatioun opgestallt, déi d'Temperaturënnerscheeder vun all Land tëscht 1880 an 2021 weist. An do ass gutt z'erkennen, a wéi eng Richtung et geet, schreift de Fuerscher op Twitter.