En dräivéierel Joer nom Referendum fir d'Aféiere vum Bestietnes tëscht homosexuelle Koppelen an der Schwäiz, huet sech eng lesbesch Koppel d'Jo-Wuert ginn.

Dat 46 Joer aalt Aline an hir ee Joer méi jonk Partnerin Laure hu sech no 21 Joer Partnerschaft e Freideg zu Genf vun der Buergermeeschtesch Marie Barbey-Chappuis perséinlech bestuede gelooss.

"Et war immens beweegend. Et ass e grousse Moment an e staarke Message un d'Gesellschaft - dass ee fräi ass, ee gär ze hunn", sou d'Barbey-Chappuis. "Et war héich Zäit, dass d'Bestietnes fir jiddereen an der Schwäiz agefouert gouf."

D'Schwäiz ass eent vun de leschte Länner an Europa, dat d'Homo-Bestietnes aféiert. Erlaabt ware bis ewell agedroe Partnerschaften, déi awer rechtlech net engem Mariage gläichgestallt ass. Géigner vum gläichgeschlechtleche Bestietnes haten eng Volleksofstëmmung am September duerchgesat, bei där just 64,1% fir d'Bestietnes fir jidderee gestëmmt hat.