Eng hollännesch Héichschoul krut 3 Joer no enger massiver Hackerattack eng knapp hallef Millioun Euro zréck, bezuelt hat si de Kriminellen 200.000 Euro.

Grond dofir ass nieft erfollegräichen Ermëttlungen d'Hausse op de Bourse vu Bitcoinen. D'Universitéit Maastricht hat nämlech 2019 d'Léisegeld a Bitcoin bezuelt.

D'lescht Joer waren d'Ermëttler dann op Bitcoinen am Wäert vu 40.000 Euro am digitale Portmonni vun engem Mann an der Ukrain gestouss, dee fir d'Hacker Blanchiment gemaach huet. D'juristesch Verhandlungen fir d'Suen zréck un d'Uni ze bezuelen hu sech bis dës Joer Fréijoer higezunn, esou datt de Wäert op bal eng Millioun Euro geklommen ass.

D'Sue sollen an e Fong fir Studenten an Nout kommen. D'Héichschoul betount awer, datt de Schued um IT-System, dee vun den Hacker gemaach gouf, wäit aus méi héich war wéi d'Léisegeld.

No den Hacker an dem Rescht vum Léisegeld gëtt allerdéngs weiderhi gesicht.