Um Monte Majatur ass e Biergsteiger op e Fielsvirsprong gefall an huet do eng Woch ausgehalen. Géint d'Keelt huet hie sech clever geschützt.

No eng siwen Deeg laanger Sich hu Biergretter am italieenesch-sloweenesche Grenzgebitt e vermësste Biergsteiger op engem Fielsvirsprong fonnt. Den 31 Joer ale Gianpaolo Baggio war beim Eropklamme vum Monte Matajur ofgestierzt an huet um Fielsvirsprong eng Woch laang ouni Iessen iwwerlieft.

De Mann wier dehydratéiert gewiescht, hätt awer soss keng Blessure gehat a wier gesond gewiescht. Den Gianpaolo war beim Klammen ausgerutscht an op de Fielsvirsprong gefall, woubäi hie säi Rucksak mat sengem Handy verluer huet. Well de Virsprong esou géi war, konnt hie weder erop- nach erofklammen.

"Ech hat Gléck, datt e bësse Waasser an der Géigend de Bierg erofgelaf ass. Och wann d'Waasser e bësse knaschteg war, hunn ech dovu gedronk", sot de Baggio der Noriichtenagence Rai. Virun der Keelt hätt hie sech geschützt, andeems hie sech mat dréchene Blieder bedeckt huet.

Dosende Leit aus Italien a Slowenien hätten deeglaang nom Mann gesicht a ware scho kuerz virdrun d'Sich opzeginn. Op d'Spuer ware si him komm, andeems si Funksignaler vum Handy ausgewäert hunn a mat der geplangter Route verglach hunn, déi de Baggio a sengem Computer gespäichert hat. Schlussendlech gouf hie vun enger Ekipp mat engem Helikopter entdeckt a gebuergen.