Geschitt ass dëse Virfall zu Moskau wärend engem Schach-Turnéier. Wéi et heescht, wier awer hei de Feeler beim Mënsch ze sichen.

Lescht Woch huet e Schach-Roboter engem Spiller vu 7 Joer wärend engem Turnéier de Fanger gebrach, dat mellen déi russesch Medien. Wéi et heescht, hätt de Jong ze séier den nächsten Zuch gemaach, sou dass et zu dësem Virfall wärend de Moscow Open komm ass.

Wéi de Sergey Lazarev, de President vun der Schach Federatioun zu Moskau sot, hätt dëse Roboter vill Matcher an der Vergaangenheet scho gespillt, ma dëst wier bis ewell nach ni passéiert.

An engem Video gesäit een, wéi engem Jong säi Fanger vum Roboter gegraff gouf, iert no e puer Sekonnen eng Fra an dono 3 Männer gelaf koume, fir him ze hëllefen. Kuerz drop konnt de Jong aus senger onglécklecher Situatioun befreit ginn a gouf direkt wechbruecht a medezinesch versuergt.

Wéi et heescht, hätt de jonke Spiller scho wollte säin Zuch maache, wéi de Roboter nach amgaange war, säin Zuch fäerdeg ze spillen. Et géifen hei kloer Sécherheetsreegele ginn an hei wier net opgepasst an op de Roboter gewaart ginn, wéi dat u sech virgesinn ass. Allerdéngs bleift dëst trotzdeem e rare Fall, sou déi russesch Schachfederatioun. Dëst wier virdrun nach ni passéiert.

Dem Jong géif et iwwregens gutt goen, hien huet zwar säi Fanger gebrach, ma huet den Dag drop schonn nees Schach um Turnéier gespillt.