E 17 Joer ale Jong hat zu Hannover e Bus geklaut. Konnt awer mat der Hëllef vum GPS vum Gefier iwwer 150 Kilometer méi spéit op der A7 gestoppt ginn.

E Méindeg den Owend hat d'Bus-Entreprise aus Hannover gemellt, datt e Bus vum Betribshaff vun der Firma geklaut gi wier, wéi d'Police vu Kassel matdeelt. Duerch den agebaute GPS-Sender konnt d'Gefier eng 150 Kilometer méi wäit op der Autobunn A7 bei Kassel lokaliséiert ginn.

Wéi d'Beamten de Linnebus op enger Aire gestoppt hunn, huet sech erausgestallt, datt hannert dem Steier e 17 Joer jonke Bouf aus Hildesheim souz. Wéi de Jugendlechen, deen natierlech kee Permis hat, un de Schlëssel vum Bus koum a firwat hie sech op de Wee a Richtung Süde gemaach huet, ass bis ewell nach net gewosst.

Bei der Faart koume weder Persounen, nach de Bus zu Schued, deelen d'Ermëttler mat. De Jong muss sech allerdéngs wéinst Verdacht op Déifstall, illegalem Gebrauch vun engem Gefier a Fueren ouni Fürerschäin veräntwerten.