Noperschaftssträit eskaléiert. De fréieren Dortmunder a Schalker Futtballprofi steet am Verdacht, d'Garage vu sengem Noper zerstéiert ze hunn.

Well d'Garage vu sengem Noper wuel de Bléck op d'Waasser vum Starnberger Séi behënnert, ass den 52 Joer ale Mann, däitsche Medien no wuel de Jens Lehmann, mat enger Kettesee op d'Gebai lassgaangen. Viru senger Aktioun huet de Mann aus Bayern de Kabel vun der Iwwerwaachungskamera vum Noper duerchgeschnidden. Woumat hien awer net gerechent hat, war, datt dës och iwwert eng Batterie bedriwwe gëtt. Deemno huet d'Kamera de Mann dobäi gefilmt, wéi hie mat der See e Ballek vum Daach duerchgeschnidden huet. Duerch d'Biller konnt hien definitiv als Täter identifizéiert ginn.

Wéi et vun der Police heescht, géing vill dofir schwätzen, datt de Mann sech duerch d'Garage gestéiert gefillt hätt, well dës him d'Siicht op de Starnberger Séi behënnert.

An de leschten zwee Joer wier d'Garage ëmmer rëm beschiedegt ginn, woubäi e Schued vun iwwer 10.000 Euro entstanen ass. Lo gëtt gepréift, ob den 52 Joer alen Noper och fir dës Dote responsabel ass.