De Buzz Aldrin war mat der Apollo-11-Missioun den zweete Mënsch um Mound. Elo goufe seng Kleeder vun der deemoleger Missioun versteet.

En Dënschdeg goufe Géigestänn aus dem Aldrin sengem Privatbesëtz versteet. Dobäi ass seng Jackett, déi hie wärend der Weltraum-Missioun Apollo-11 unhat, fir 2,77 Milliounen US-Dollar bei Sotheby's zu New York iwwert den Dësch gaangen. D'Jackett dierft wuel jidderengem e Begrëff sinn. Déi besote Jackett ass nämlech déi ikonesch wäiss Jackett mat de Logoe vun der NASA an der Apollo-11-Missioun, dem amerikanesche Fändel souwéi mam Schrëftzuch "E. Aldrin" drop.

Dem Buzz Aldrin seng Jackett / Reportage Marie Gales

Et ass allerdéngs net d'Jackett, déi den Aldrin unhat, wou hien um Mound war. D'Jackett, déi versteet gouf, hat den Aldrin um Kommandostand "Columbia" un, wou si vum Mound erëm zréck op de bloe Planéit geflu sinn.

Am Ganze goufen en Dënschdeg 67 Objete versteet. Dobäi gouf de Fluchplang vun Apollo-11 fir 819.000 US-Dollar verkaaft. Bei der ganzer Aktioun ass eng Geldzomm vun 8,2 Milliounen US-Dollar zustane komm.

De Buzz Aldrin ass dee leschten Astronaut, deen nach vun der faméiser Apollo-11-Missioun lieft. Den Neil Armstrong ass am Joer 2012 verstuerwen an den drëtten Astronaut, de Michael Collins, ass am Abrëll 2021 verstuerwen.