D'Layla gëtt kritiséiert, et gëtt zenséiert an et gëtt punktuell verbueden. Mä um Succès vum Layla ännert dat näischt. D'Lidd ass esou beléift wéi nach ni.

Dat wéinst dem angeeblech sexisteschen Text uerg kritiséiert d'Lidd Layla vum DJ Robin & Schürze gouf zum Summerhit 2022 gekréint. Domadder konnt sech d'Lidd géint déi international Konkurrenz duerchsetzen a Lidder wéi Ferrari vum James Hyp & Miggy Dela Rosa oder As It Was vum Harry Styles hannert sech loossen.

Zënter fënnef Wochen ass d'Lidd ouni Ënnerbriechung un der Spëtzt vun den däitsche Single-Charts an et huet mëttlerweil Gold-Status erreecht. Bei de Streaming-Déngschter gouf d'Lidd méi wéi 60 Millioune Mol gelauschtert an et gesäit esou aus, wéi wann d'Lidd sech nach eng Zäitchen un der Spëtzt hale kéint.

Weider goufen eng sëllege Cover-Versioune vum Lidd Layla erausbruecht. Esou huet den däitschen Drëttligist SV Waldhof Mannheim bei der Heem-Victoire en Samschdeg géint Viktoria Köln, déi berüümt berüchtegt Strophen an „Ich habe ein Freund und er ist Fan vom SV Waldhof, die spielen schöner, besser, geiler“ ëmgeännert. D'Ultrazeen vum Veräin huet iwwerdeems gefuerdert, datt dëst d'Lidd an Zukunft och weider am Stadion gespillt soll ginn. 

D'Radio-Antenn Die Neue 107.7 huet iwwerdeems eng Männerversioun mam Rainer online gesat. An dësem Lidd heescht et dann: Wir ham´ nen Bus, und unser Busfahrer heißt Rainer, er ist älter, ründer, kleiner."