D'spuenesch Regierung probéiert mat enger Antidiskriminéierungscampagne virun de Gefore vum "Body-Shaming" ze warnen an d'Bevëlkerung ze sensibiliséieren.

De spueneschen Autoritéiten no kéint jiddereen de Summer, d'Plage an d'Mier genéissen, och ouni de perfekte Kierper, deen et souwisou net géif ginn. Dofir soll all Fra sech esou an der Ëffentlechkeet weisen, wéi si sech géif spieren, onofhängeg vun de gesellschaftlech festgeluechte Schéinheetsidealer. An der Campagne "De Summer gehéiert och ons" gräift de spuenesche Gläichberechtegungs-Ministère op Plakater zréck wou iwwergewiichteg Fraen ze gesi sinn, déi sech op der Plage amuséieren. Och eng Fra, déi no enger Mastektomie mat fräiem Uewerkierper op der Plage steet, ass ze gesinn.

Domadder wéilt een d'Gesellschaft sensibiliséieren a virun allem jonk Meedercher virum Schéinheetswan schützen.

Déi lénks politesch Regierung a Spuenien fält iwwerdeems dacks mat progressiven Aktiounen zugonschte vun de Fraen op. Esou solle Fraen an deenen nächste Joren zousätzleche Congé kréien, sollt hir Period ze uerg ausfalen. Doriwwer eraus gouf d'Sexual-Strofrecht verschäerft a sexistesch Reklamme fir Kannerspillsaache goufe verbueden.