Bei Sotheby’s ass e Stéck Urzäit versteet ginn, en Dino-Skelett, dee méi wéi 75 Millioune Joer al ass.

Knapp 3 Meter héich a 6,7 Meter laang ass dat gutt Stéck. Den Dino – e Gorgosaurus, deen aus der selwechter Famill kënnt wéi den Tyrannosaurus Rex, just e bësse méi kleng – soll a senge beschten Zäiten zwou Tonne gewien hunn.

Knapp 6,1 Milliounen Dollar goufe fir de Fossil gebueden. Domat ass dësen Exemplaire deen deiersten, dee jeemools verkaf gouf. De geschate Präis läit bei 5 bis 8 Milliounen Dollar.

Wien de Skelett kaf huet, gouf net verroden. De Skelett, deen zu 80% aus Originalknache besteet, war 2018 a Montana an den USA entdeckt ginn.