Zu Riegelsberg huet e Friemen en Hunn mat engem Schoss aus enger Pistoul fir ëmmer roueg gestallt.

De Besëtzer soll d'Déier dout a sengem bluttverschmierte Käfeg virfonnt hunn, wéi d'Völklinger Police matdeele léisst. D'Police ermëttelt géint Onbekannt.