Technesch Problemer, Stroumausfall an dausende Passagéier, déi festsouzen... dat war d'Resultat vun engem Zuchaccident an der Géigend vun Tournai.

E Freidegnomëtteg krut en Thalys-Schnellzuch en Déier ze paken, wat gréisser Repercussiounen op den Trafic hat. Et wier Damp aus der Maschinn komm an d'Kollisioun hätt zu "engem technesche Problem" geféiert, sou en Thalys-Porte-parole. Den Zuch konnt säin Trajet net viruféieren. Ausserdeem huet de Stroum missen zäitweis ofgeschalt ginn. Dausende Passagéier souzen op der concernéierter Streck fest oder hu misse fir eng länger Zäit op de Garë waarden.

Ugangs huet et nach vun Thalys geheescht, datt den Zuchverkéier owes nees kéint rullen, ma schlussendlech hunn awer sechs Faarte missen annuléiert ginn. D'Leit, déi an de Waggone festsouzen, goufen no e puer Stonnen zeréck op Bréissel transportéiert.

Passagéier op der Gare Paräis-Nord kruten ugebueden, mat engem Taxi heembruecht ze ginn, an engem Hotel ënnerzekommen oder an zwee Thalys-Zich ze iwwernuechten.

Fir déijéineg, déi sech erhofft haten, e Samschdeg en aneren Zuch ze huelen, gesäit et éischter schlecht aus. Et sinn nämlech keng Plaze méi fräi an den Zich. Dowéinst huet Thalys de Clientë recommandéiert, "aner Transportméiglechkeeten" a Betruecht ze zéien a sech d'Geld vun den Tickete rembourséieren ze loossen.

Eng vun de Persounen, déi wéinst dësem Virfall stonnelaang zu Bréissel festsouz, war de Spriecher vun der EU-Kommissiounspresident von der Leyen. Bal véier Stonnen huet den Eric Mamer op den Zuch gewaart. Hien huet dat Ganzt awer mat Humor geholl a gesot: "Wéinstens ass et gutt fir mäi Regime, well keen Iessen ugebuede gëtt."