D'Warscheinlechkeet, vun engem Blëtz getraff ze ginn, ass vill méi héich wéi d'Chance, dës Rekordzomm ze gewannen.

Eng bis ewell nach onbekannte Persoun huet an den USA den Jackpot vun iwwert enger Milliard Euro geknackt. Bei de leschten 29 Zéiungen hat kee vun de Lottospiller déi sechs Zuele richteg. Dowéinst war de Gewënn dës Kéier esou héich. Mat 1,337 Milliarden Dollar, ëmgerechent 1,31 Milliarden Euro, war et eng vun den héchsten Zommen, déi Mega Millions jee un ee Lottogewënner ausbezuelt huet.

D'Zuelen, déi aus dem gléckleche Gewënner e Milliardär gemaach hunn, sinn: 13-36-45-57-67 an d'Superzuel 14.

Wie sech erhofft, iergendwa grad sou een héijen Jackpot ze gewannen, muss allerdéngs enttäuscht ginn. D'Chance, de Mega-Millions-Jackpot ze knacken, läit bei 1 zu 303 Milliounen. D'Warscheinlechkeet, vun engem Blëtz getraff ze ginn, läit dogéint, sou heescht et mol vun US-Autoritéiten, bei 1 zu enger Millioun.