"Stealthing" ass eng Form vu Mëssbrauch, bei där ee Sexualpartner de Kondom ouni Averständnis vum Partner ausdeet an uschléissend Geschlechtsverkéier huet.

D'Geriicht huet decidéiert, datt wann ee virum Geschlechtsakt ausgemaach huet, datt ee séchere Sex wéilt hunn, jiddwereen sech och wärend dem Akt dorunner misst halen. Deementspriechend géif dës Entscheedung een Deel vum Akt selwer ginn an domadder och am gläichen Otemzuch strofbar ginn, sollt eppes geschéie wat net ausgemaach war.

D'kanadescht Geriicht huet dës Richtlinn geziilt un engem Fall ausgemaach: Bei dësem hat eng Koppel an engem Owend zwee Mol Sex. Beim éischte Geschlechtsakt haten si allebéid ausgemaach, datt de Mann e Kondom droe misst. Do hat hien dësen och un, mä bei der zweeter sexueller Renconter op dësem Owend hat hie kee méi un, wat fir d'Geriicht e Mëssbrauch vum virdrun opgestallten Ofkommes wier.

A Kanada gëtt domadder en Präzedenzfall geschaaft. Experten erhoffe sech, datt vill Länner hir Gesetzeslag an dës Richtung ännere wäerten an datt de "Stealthing" an Zukunft weltwäit als sexuelle Mëssbrauch gewäert wäert ginn.