D'Vloggerin aus China huet fir nawell vill Ierger gesuergt, nodeems si e Wäissen Hai gegrillt an dono giess huet.

Géint d'Influencerin, dat ënnert dem Numm Tizi bekannt ass, géif elo säitens der Police ermëttelt ginn, sou d'Landwirtschaftsagence aus der Milliounestad Nanchong.

A China si Wäiss Haien eng geschützte Spezies, den illegale Besëtz vun dësen Déiere ka mat bis zu 10 Joer Prisong bestrooft ginn.

Am Video vum Tizi, deen op de Plattformen Douyin a Kuaishou gewise gouf, gesäit een, wéi si en 2 Meter laangen doudege Fësch auspaakt, op de Buedem placéiert a sech donieft leet, fir ze weisen, dass de Fësch méi grouss ass, wéi hat selwer. D'Vloggerin selwer huet bal 8 Millioune Follower.

Dono deelt et dann de Fësch an 2 Hallschenten, marinéiert a grillt dës Stécker a kacht de Kapp an engem Bouillon. Dono ësst d'Tizi de Fësch dann a betount, dass d'Fleesch ganz zaart wier. No etleche béisen a kritesche Kommentaren ënnert dem Video, huet d'Tizi de Video mëttlerweil geläscht.

D'Vloggerin selwer huet betount, den Hai op legalem Wee kaaft ze hunn, ma dëst géif awer net de Fakten entspriechen, esou d'Landwirtschaftsagence.

Weltwäit gouf d'Populatioun vum Wäissen Hai an de leschte Joerzéngten massiv miniméiert a gëlle weltwäit als massiv a Gefor. Ënnert anerem ass dat sougenannten Hai-Finning dofir verantwortlech, wou dem Hai d'Réckefloss ofgeschnidde gëtt an zeréck an d'Mier geheit gëtt.