Weil hie gemengt hat, et wier d'Entrée fir an e Parkhaus, ass en eelere Mann zu München mat sengem Won eng Trap vun enger Unterfürung erofgefuer.

Zu deem Zäitpunkt war keen op der Trap ënnerwee, deemno gouf och kee blesséiert, sou d'Police aus der bayrescher Landeshaaptstad e Mëttwoch. Den eelere Här war en Dënschdeg am Nomëtteg bei der Gare Allach amplaz an d'Parkhaus eranzefueren eng Trap fir Foussgänger erofgefuer. Den Auto ass d'Trapen erofgerutscht.

Wisou de Mann d'Trap mat der Afaart verwiesselt huet, ass onkloer. Gedronk hat de gudde Mann net, ma fatzeg duercherneen an opgedréint.

Nodeems d'Pompjeeën d'Gefier gebuergen haten, wollt de Mann och nees domat Heem fueren. Ma well den entstanene Schued awer net grad kleng war, hunn d'Polizisten him dat verbueden. Hien huet sech missen en Taxi ruffen. D'Police huet duerno eng Iwwerpréiwung vum Mann ordonéiert, déi soll feststellen, ob de Mann net eventuell misst d'Autofueren opginn.