E Mann vun Delbrück wollt en Harespelsnascht um Daachgespär lassginn, mat engem Gasbrenner. Dobäi hat hien awer bal de ganzen Daach ofgefakelt.

En 58 Joer ale Mann hat allerdéngs och séier reagéiert a krut d'Feier geläscht, nach ier d'Pompjeeën op der Plaz waren, sou d'Police vu Paderborn.

De Gasbrenner, deen de Mann benotzt hat, ass u sech geduecht, fir Onkraut ewech ze brennen. Ma wéi de Mann huet domat um Daach hantéiert huet, huet d'Isolatioun an e puer Placken um Daach Feier gefaangen. Ee vun den Noperen huet séier reagéiert a war de Gaardeschlauch sichen. D'Pompjeeën hunn um Enn just nach kontrolléiert, ob och sämtlech Glousen aus waren a si hunn den Daach mat Baatschen ofgedeckt.

Bei de Schued vun e puer honnert Euro kommen awer elo nach Ermëttlunge wéinst fahrlässeger Brandstëftung an dem Verstouss géint d'Bundesnaturschutzgesetz. Harespele stinn nämlech ënner Naturschutz an dierfe just ënner bestëmmte Viraussetzungen bekämpft ginn.