Laangfristeg hoffen d'Wëssenschaftler, Organer aus mënschleche Stammzelle kënnen hierzestellen, déi transplantéiert kënne ginn.

Dem Stammzellefuerscher Jacob Hanna a sengem Team ass et eegenen Aussoen no gelongen, Maus-Embryoen aus Stammzellen ze ziichten, an dat ouni Eezellen, Spermien oder Befruchtung. Dat hunn d'Wëssenschaftler vum Weizmann Institute of Science dës Woch an der Fachzäitschrëft "Cell" bekannt ginn.

Dëse wëssenschaftlechen Duerchbroch soll, wéi et vun de Fuerscher heescht, zu engem bessere Verständnis vun der Entsteeung vun Organer an der Embryonalentwécklung bäidroen. Laangfristeg hoffen d'Fuerscher, Organer aus mënschleche Stammzelle kënnen hierzestellen, déi transplantéiert kënne ginn.

Als éischt hätten d'israelesch Fuerscher Zellen aus der Haut vu verschiddene Mais geholl an déi kënschtlech an den Zoustand vu Stammzellen zeréckversat. Duerno goufen d'Stammzellen an engem speziellen Inkubator kultivéiert, dee sech kontinuéierlech beweegt huet, fir déi natierlech Entwécklung am Bauch vu weibleche Mais ze imitéieren.

D'Majoritéit vun den 10.000 Zellen hätt sech net verännert, ma aus 50 Zellen hätte sech kleng Kugele gebilt, déi sech dann zu embryonale Strukture weiderentwéckelt hätten. Déi kënschtlech Embryoe sollen zu 95% natierleche Maus-Embryoe geglach hunn, heescht et.

Wëssenschaftler, déi net un dësem Fuerschungsprojet bedeelegt waren, warnen allerdéngs virdrun, geziichten Zellstrukturen als Embryoen ze bezeechnen. Aktuellem Fuerschungsstand no entsteet aus hinnen "kee liewensfäegen Individuum, dee sech fortplanze kann", sou de franséische Stammzellefuerscher Laurent David. Trotz Skepsis begréisst hien déi "immens iwwerzeegend" Fuerschungsaarbecht, déi senger Meenung no nach weider Experimenter an där Richtung erméigleche kéint. De spuenesche Stammzellefuerscher Alfonso Martínez Arias sot iwwerdeems, dass dësen Duerchbroch zwar d'Dier fir "änlech Studie mat mënschlechen Zellen" opmécht, ma et géingen nach vill regulatoresch an ethesch Hürden op d'Fuerscher waarden.