De franséische Physiker Etienne Klein soll mat Hëllef vum James-Webb-Teleskop eng Foto vum Stär Proxima Centauri, deen nieft der Sonn läit, gemaach hunn.

E Sonndeg hat hien e Bild vum angeebleche Stär op Twitter eropgesat a behaapt, et géif sech ëm den ominéise Stär handelen.

Um Internet ass et doropshin zu uergen Diskussioune komm, an deenen de wëssenschaftleche Progrès gelueft gouf. E puer Deeg drop huet sech den Etienne Klein allerdéngs nees via Twitter zu Wuert gemellt: Beim roude Krees op der Foto géif et sech guer net ëm de Stär Proxima Centauri handelen, mä ëm eng Scheif Chorizo-Zoossiss. Et géif him leed dinn, fir jiddereen deen hie mat der Foto fir domm verkaaft hätt.

De Klein wollt de Leit mat dësem Bild weisen, datt se net alles, wat um Internet gedeelt géif ginn, einfach esou gleewe sollen.