Der Bundesregierung no misst jiddwereen an Däitschland zu all Zäit esou séier wéi nëmme méiglech op Drénkwaasser zougräife kënnen.

Virun allem bei den aktuellen Hëtztwelle wier dëst onbedéngt néideg. Dowéinst misst ee virausschauend op déi zukünfteg Hëtztwellen an Dréchente reagéieren. D'Bundesregierung wëll dowéinst d'Stied, d'Gemengen an d'Landkreesser an Däitschland dozou verflichten, Drénkwaasser-Bueren op ëffentleche Plazen opzeriichten. Den Ament géifen et der däitschlandwäit nëmmen 1.300 ginn. Dat wiere vill ze wéineg a géif och der Veruerdnung vum EU-Parlament widderspriechen, an där am Joer 2020 festgehale gouf, datt d'europäesch Länner bei der Drénkwaasserversuergung Reformen, déi den Zougang zu Drénkwaasser méi accessibel maache géifen, maache missten.