Wien wäert dëst Joer fir Chrëschtdag däitlech manner beliicht sinn.

Op der Wiener Ringstraße ronderëm den historesche Zentrum wäert d'Beliichtung komplett ewechbleiwen, sou eng Porte-parole vun der éisträichescher Haaptstad e Mëttwoch géintiwwer der AFP. Donieft wäert d'Stad Wien hir Chrëschtdagsbeliichtung ronderëm d'Gemengeplaz eréischt umaachen, wann et däischter ass.

De Grond sinn déi héich Energiepräisser.

Um Christkindlmarkt ginn d'Luuchten deemno eng Stonn méi spéit u wéi gewinnt. Wien hätt ausgerechent, wéi vill Energie duerch déi nei Moossnamen kënnen agespuert ginn. D'Decisioun war du séier geholl. E Freideg eréischt hat dat éisträichescht Energieamt eng Präisdeierecht bei de Stroumpräisser ëm 256 Prozent op ee Joer annoncéiert.