Iwwer 8.000 Biller goufen dëst Joer beim Concours erageschéckt. D'Gewënnerfoto gouf mat engem Präis vun 1.500 Pond priméiert.

Fotografen aus der ganzer Welt hu Momenter aus der Natur- an Déierewelt mat hirer Kamera festgehalen. Ob eng Noopnam vu engem Bier, d'Mëllechstrooss iwwert dem héchste Punkt vun Australien oder Lava, déi aus dem Vulkan Fagradalsfjall austrëtt... eent ass sécher: d'Fotoe vum "Nature TTL Photographer of the Year 2022" bidde villsäiteg Motiver a Faarfspektakelen un, déi net just Hobbyfotografe beandrocken dierften.

Gewënner an der Kategorie "Overall Winner" ass den Dennis Stogsdill mat sengem Bild "A Cat and Its Prize". An der Kategorie "Wild Portraits" gouf dem Tomasz Szpila seng Foto vun engem Léif, mam Titel "I See You" ausgezeechent. Bescht "Camera Traps"-Foto ass bei der Editioun 2022 dem Geoffrey Reynaud säi Bild "Ice Bear". Déi gelongenst Ënnerwaasserfoto ass dem Schwäizer Andy Schmid seng "Sunset Ray". Als schéinsten Nuetshimmelfoto gouf d'Opnam vum Josselin Cornou "The Top of Australia" priméiert.

Méi Informatiounen a Gewënnerfotoe fannt Dir och op hirem offizielle Site www.naturettl.com.