Bis de 24. August kënne Stäreschnäizen um Himmel bewonnert ginn. Den Héichtpunkt erreechen d'Perseiden an der Nuecht op e Samschdeg.

D'Perseiden sinn ënnerwee. Dëst Joer si se duerch de Mound awer manner gutt ze gesinn.  Géint 3 Auer an der Nuecht vun e Freideg op e Samschdeg erreechen d'Perseiden hiren Héichpunkt. Graff kann ee soen, dass tëscht 22 Auer e Freidegowend a 6 Auer e Samschdegmoien déi meescht Stäreschnäizen ze gesi sinn. Allerdéngs geschitt dat grad elo, wou Vollmound ass, den Himmel ass also méi hell an esou gesäit ee just déi méi déck Exemplairë vun de Perseiden. Nach dobäi kënnt, dass et ewell dee véierte Supermound vum Joer ass, wat en extra grouss an hell erschénge léisst.

Wou kommen d'Stäreschnäizen iwwerhaapt hier?

"E Koméit, e risegrousse knaschtege Schnéiball, an an deem Ball, deem Äisklotz do, do ass vill Stëbs dran, a wann dee Koméit aus dem Weltraum kënnt, op senger Bunn a Richtung Sonn, da gëtt en iergendwann eng Kéier vun der Sonn erwiermt an de Stëbs geet dann natierlech och eraus. Dat ginn dann zwee Schwäifen normalerweis, deen een, dat sinn Deelercher vum Waasser, d'Waasser gëtt zerluecht an deen aneren Schwäif, dat ass de Stëbsschwäif, deen ass e wéineg méi schwéier an dofir bleift deen e wéineg hannert der Bunn zeréck", erkläert den Nicolas Feierstein vun de Lëtzebuerger Hobby-Astronomen.

An der Nuecht op e Samschdeg soll ee ronn 30 bis 50 Stäreschnäizen an der Stonn kënnen erblécksen. Iwwer 200.000 Kilometer an der Stonn hu se drop. D'Perseiden sinn all Joer um Himmel ze gesinn. An dat huet och säi Grond: "Dat ass eben esou, dass där Bunne vu Koméite vill dorëmmer sinn an natierlech, wa lo eng bestëmmte Bunn do ass, well d'Äerd jo ronderëm d'Sonn dréint, trëfft déi eben am August op de Stëbs vun engem ganz bestëmmte Koméit."

An enger Héicht vun 80 bis 100 Kilometer an der Luucht kollidéieren d'Partikelen, déi dacks nëmme Millimeter grouss sinn, mat Loftmoleküllen a fänken un ze liichten. A mir dierfen eis eppes wënschen. Dat geet och nach an de puer nächsten Nuechte bis de 24. August, och wann een der dann net méi esou vill gesäit. D'Perseiden ginn och nach Laurentiustréine genannt, wat zeréckgeet op den hellege Laurentius, deen e Märtyrerdoud gestuerwe war. Op sengem Doudesdag am August falen d'Tréinen op d'Äerd.

No de Perseiden am August kommen iwwregens d'Draconiden am Oktober an d'Orioniden a Leoniden am November. An et ginn der nach e ganze Koup fir déi aner Méint ewéi zum Beispill d'Geminiden am Dezember an d'Lyriden am Abrëll.