Am Joer 1999 huet den Affekot Tungnath Chaturvedi fir en Zuchbilljee 90 Rupie misse bezuelen. De Billjee hätt allerdéngs nëmme 70 Rupie kaschten dierfen.

Domadder hätt hien, wann een alles an Euroen ëmrechne géif, 25 Cent ze vill bezuelt. Den Affekot huet am Joer 1999 d'Zuchgesellschaft wéinst dëse 25 Cent op d'Geriicht geholl. 22 Joer méi spéit gouf endlech en Urteel geschwat. D'Gesellschaft muss dem Affekot elo 15.000 Rupien, wat ëmgerechent 182 Euro sinn, zréckbezuelen.

Dëst dierft allerdéngs net nëmmen, well de Mann esou laang op en Urteel huet misse waarden, eng Drëps op de waarme Stee sinn. Mä och, wann een d'Käschte kuckt, déi iwwert déi 22 Joer op de Mann duerkomm sinn, dann dierft d'Strof fir d'Zuchgesellschaft, op d'mannst aus dem Mann senger Siicht, onbefriddegend sinn. De ganze Prozess ass dem Mann mat 20.000 Rupien, also mat 244 Euro, méi deier ze stoe komm, wéi dat, wat hien elo vun der Gesellschaft rembourséiert kritt.

Den Affekot, deen nom Urteel frustréiert war, sot, datt säi Prozess e gutt Beispill wier fir d'Ineffikassitéit vun der indescher Justiz.