Déi vill Sonn an déi héich Temperaturen hunn de Wënzer an Däitschland dëst Joer zu enger méi fréier Drauwelies verhollef.

"Den immens sonnege Summer dëst Joer huet d'Drauwe bundeswäit méi séier zeideg gi gelooss", erkläert den Däitsche Wäininstitut DIW rheinland-pfälzesche Bodenheim. Schonn dës Woch gëtt a ville Regiounen d'Produktioun vum Fiederwäissen lancéiert.

Nieft den zwee gréisste Wäibaigebidder an Däitschland, Rheinhessen a Pfalz, fänkt d'Wäilies dem DIW no och a Sachsen, Franken an un der Musel un. D'Haaptwäilies dëst Joer wäert viraussiichtlech Enn August bis Ufank September ufänken,also och méi fréi wéi soss.

Déi héich Temperature maachen allerdéngs besonnesch méi neie Wäinanlage schwéier ze schafen. Dës missten deels bewässert ginn an an anere Wäibierger, déi staark ënnert dem Waassermangel leiden, missten déi jonk Drauwen deels souguer erofgeholl ginn, fir d'Wäistäck z'entlaaschten. Eeler Wäibierger mat hiren déiwe Wuerzelen op bis zu 10 Meter kënnen esou Drécheperiode besser verkraaften.

Et géif allgemeng awer no enger gudder Recolte ausgesinn. D'Drauwe wieren ausseruerdentlech gesond, sou nach den DIW, och wa se nach relativ kleng wieren. D'Quantitéit vun der Recolte kéint sech nach verbesseren, wann den erwaarte Reen an den nächste Woche kënnt. Ideal wier dem DIW no elo nach emol "vill Reen am August an en dréchene September fir d'Haaptlies".