Eng Täsch voll Akte mat ganz perséinlechen Donnéeë wéi Numm an Adress huet en alkoholiséierte japanesche Polizist an der Nuecht op e Samschdeg verluer.

De 49 Joer ale Beamte war japanesche Medieberichter no mat Kolleegen an der Präfektur Hyogo, am Südweste vum Land, een drénken. Um Heemwee ass de Mann dunn awer ageschlof. Wéi hie spéider nees erwächt ass, war d'Täsch mat all den Akte fort.

Schonn am Juni war et an der japanescher Stad Amagasaki zu engem änleche Virfall komm. Do hat en Entrepreneur eng Täsch verluer, an där en USB-Stick mat de perséinlechen Donnéeë vun am Ganze 460. 0000 Awunner vun der Stad drop waren.  Och hei hat de Mann ze déif an d'Glas gekuckt an um Wee fir Heem ageschlof. Ma hei gouf de Stick een Dag nodeems de Mëssel rauskoum nees erëmfonnt.