Wou huet de Félix de Blochhausen eigentlech gewunnt a wéi eng bekannt Persoun huet a mengem Duerf gelieft oder lieft souguer nach do?

Egal wie wou gewunnt huet: Elo gëtt et eng interaktiv Weltkaart, wou ee genee dës Froe beäntwert kritt. D'Iddi dozou hat de finnesche Geograph Topi Tjukanov.

Anescht wéi op anere Kaarten iwwer Stroossen, Gebaier, Attraktiounen oder besonnesch Landschafte weist dës interaktiv Weltkaart berüümt Persounen.

Mam éischten Opmaachen an dem éischte Bléck op d'Kaart falen engem direkt e puer bekannt Nimm op - mol duerch Positives, awer och Negatives. Dat sinn Nimm wéi Leonardo da Vinci, Mahatma Gandhi, Freddie Mercury, Winston Churchill, awer och Adolf Hitler oder Osama bin Laden.

Um interaktiven Deel vun eisem Land fënnt een Nimm wéi Jean-Claude Juncker, Robert Schuman oder nach Ketty Thull, ma och méi oder manner bekannte Lëtzebuerger Perséinlechkeeten aus der Welt vum Film, Konscht, Politik oder aus dem Sport.

Sämtlech Informatiounen an Daten huet den Tjukanov mat Hëllef vum Wëssenschaftsmagazin Nature gesammelt a geréiert. Do sinn all d'Donnéeë vun de Mënschen enthalen, déi am Zäitraum 3500 viru Christus bis zum Joer 2018 gelieft hunn oder nach liewen. Dës Date baséieren nees op Beiträg op Wikipedia a Wikidata.