Am Abrëll schonn hate chinesesch Fuerscher hire flexibele Roboter aus enger schläimeger magnéitescher Substanz virgestallt.

Ma réischt elo kritt dësen ongewéinleche Roboter déi néideg Opmierksamkeet. E Video, dee weist, wéi de Schläim kann agesat ginn, gëtt aktuell op de soziale Reseaue gedeelt.

Fuerscher vun der University of Hongkong hunn dëse beweegleche magnéitesche Schläim entwéckelt an am Abrëll dëst Joer virgestallt. Agesat gi soll e virun allem an der moderner Medezin, fir kleng Objeten, déi een ongewollt ofgeschléckt huet, nees erauszekréien oder ënnerlech Verletzungen ze flécken. De Schläim kann deemno trotz senger Konsistenz fest Géigestänn gräifen an transportéieren a soll virun allem am Verdauungssystem an den Asaz kommen.

Verëffentlecht gouf de Fuerschungsbericht an der Fachzäitschrëft "Advanced Functional Materials". Nach wier de Roboter-Schläim an der éischter Phas vun der Grondlagefuerschung.

Sou ganz flott unzekucken ass dëse Schläim allerdéngs net. Net zulescht wéinst senger däischterbronger Faarf an der Konsistenz, denkt een och alt emol un eppes anescht, wéi grad un eppes Medezinesches. De Schläim besteet dann och aus enger Mëschung aus Polyvinylalkohol, Borax a  magnéitesche Partikelen. Dës Zesummesetzung ass gëfteg fir eise Kierper, sou dass de Schläim eng extra Couche Silikon kritt. Ma och do gëtt et leider den Nodeel, dass deen net ganz laang hält.

Et läit deemno nach e bëssen Aarbecht virun de chineesesche Wëssenschaftler.