D'Däitsch Bunn bitt 50 ënnerschiddlech Ausbildungsberuffer souwéi 25 verschidde Studiegäng fir jonk Mënschen un, deelt den DB-Personalchef Seiler mat.

Dëst Joer hätt een awer esou vill Stage-Demanden a Kandidature vu Jonker erageschéckt krut wéi nach ni virdrun. Am Ganze goufen 115.000 Kandidaturen eragereecht, wat ganzer 15 Prozent méi wiere wéi am Joer 2020. Aus dëse Kandidature wiere 5.200 Leit agestallt ginn, wat och en neie Rekord wier, heescht et vun der Däitscher Bunn.

Obschonns sech vill Leit gemellt hätten, hätt een awer net all Plaz beleeë kënnen. Esou géif een ëmmer nach Leit sichen, déi d'Schinne verleeën oder d'Zich koordinéiere géifen. Allerdéngs géif ee bei der DB positiv an d'Zukunft blécken, well ee wéisst, datt ee genuch Jonker dozou begeeschtere kéint, fir de Betrib ze schaffen.