Eng Studentin vu München gouf Affer vun enger Bedruchsmasch a wosst sech net anescht ze hëllefen, wéi hir eegen Entféierung virzetäuschen.

Wéi d'Police vu München matdeelt, war bei den Elteren an der Heemecht vun der chinesescher Studentin eng sechsstelleg Léisegeldfuerderung agaangen. Doropshin hu si d'Héichschoul an Däitschland kontaktéiert, déi schlussendlech d'Police iwwert d'Verschwanne vun der Studentin informéiert huet.

Nodeems d'Ermëttlungen erginn haten, datt d'Studentin an engem Hotel zu München wier, war e Freideg e Spezialkommando ausgeréckt. D'Beamte vum Spezialkommando hunn déi jonk Fra, déi hirer Matbewunnerin uginn hat, ze verreesen, eleng am Hotelszëmmer fonnt.

De Polizisten huet d'Chinesin erkläert, datt si "Affer vun enger perfider Bedruchsmasch" gi war, bei där auslännesch Studente vu presuméierte Beamten aus hirem Heemechtsland kontaktéiert ginn, déi hinne reprochéieren a Strofdote verwéckelt ze sinn an da Geldzomme fuerderen, fir d'Strofverfolgung anzestellen.

Déi jonk Fra hat den Onéierleche schonn eng fënnefstelleg Zomm bezuelt. Wéi si d'Sue fir eng weider Fuerderung net opbrénge konnt, hunn déi falsch Beamten d'Studentin opgefuerdert, hir eegen Entféierung virzetäuschen, fir u méi Geld ze kommen.