D'Koppel aus dem US-Bundesstaat North Carolina erwaart no 16 Kanner lo hiert nächst Kand an dat soll och net dat lescht gewiescht sinn.

D'Dann Patty Hernandez an hire Mann Carlos si Membere vun der chrëschtlecher Päischtbeweegung a fir si ass all Kand e Geschenk vum Gott. Bei de Virnimm bleift d'Koppel och traditionell, all Kand krut en Numm, dee mat C ufänkt. Den Hannergrond dovun ass, datt de Papp vum Carlos och e Virnumm hat, dee mat "C" ugefaangen huet.  Dat 17. Kand soll am Mäerz 2023 op d'Welt kommen.

D'Mamm hofft elo, dass si nach dräi Jonge kritt. Soumat hätt si 10 Meedercher an 10 Jongen. Der Famill no sinn 900 Euro d'Woch fir Liewensmëttel fälleg.

D'Eltere besëtze selwer e Bus fir d'Kanner an d'Schoul an an d'Crèche ze féieren. D'Haus vun der Koppel ass deementspriechend mat fënnef Schlofkummeren equipéiert. Déi eelst Kanner hëllefen am Stot mat.

D'Famill begéisst d'Opmierksamkeet, déi duerch déi grouss Famill entstanen ass. D'Virurteeler, déi verschidde Leit hunn, zielt fir si net.