Op der Gare zu Koblenz koum et e Freideg zu enger Dampentwécklung.

D'Gare gouf dofir kuerzzäiteg gespaart an d'Pompjeeën haten de Brand séier ënner Kontroll. D'Ursaach fir de Brand war wuel eng ewechgehäiten Zigarett, déi an engem Lüftungsschacht Knascht entzünt huet.

Deementspriechend weist d'Police dorop hin, bei den aktuellen Temperaturen an der Dréchent keng Zigaretten an d'Natur oder aner Beräicher ze geheien.