Am Südweste vun Australien ass ee 77 Joer ale Mann vun engem Känguru ëmbruecht ginn. Et ass déi éischt déidlech Känguru-Attack zanter 1936.

Wéi d'Police en Dënschdeg matgedeelt huet, gouf de Mann vun engem Familljemember schwéier blesséiert op sengem Grondstéck fonnt. Hien ass nach op der Plaz u senge Blessure gestuerwen.

Weider heescht et vun der Police, de Känguru, dat de Mann ugegraff hat, hätt sech och de Rettungsdéngschter géigeniwwer immens aggressiv verhalen an dës och dorunner gehënnert, dem Blesséierten z'hëllefen. D'Déier huet schliisslech missen erschoss ginn.

Éischten Erkenntnisser no huet d'Affer de Känguru wuel als Hausdéier gehalen.

De westleche groe Rise-Känguru ass an där Regioun besonnesch wäit verbreet. Männlech Exemplairë kënne bis zu 2,20 Meter grouss a bis zu 70 Kilo schwéier ginn.