Säin éischte Vol als Kinnek ass den Charles III. mat engem Fliger vun der Lëtzebuerger Privatfluchgesellschaft Luxaviation geflunn.

Mam Doud vu senger Mam, der Queen Elizabeth II., ass aus dem Prënz Charles de Kinnek Charles III. ginn. Hien ass e Freideg mat enger Lëtzebuerger Privatmaschinn vun der Luxusgesellschaft Luxaviation vun Aberdeen op London geflunn.

Dat huet d'Entreprise dem Paperjam confirméiert. Normalerweis gëtt Luxaviation keng Informatiounen zu hire Gäscht eraus. De Kinnek ass no enger Stonn Fluchzäit géint 13.35 Auer um Fluchhafe vun der Royal Air Force zu Northolt gelant. Et wäert wuel en eenzegaartege Fluch bleiwen, well erwaart gëtt, dass den Charles III. an Zukunft mat der eegener Flott aus Groussbritannien fléie wäert.

Luxaviation huet eng Flott vu 250 Privatfliger, souwéi 11 Helikopteren an huet domat eng vun deene gréisste Fligerflotte vun der Welt.