Amazon soll Händler, déi op hirer Plattform verkafen, ënner Drock setzen, fir datt si hir Wuere soss néierens méi gënschteg ubidden.

Esou heescht et vum kalifornesche Parquet. Mat dëser Method géif den Online-Gigant esouwuel de Verkeefer wéi och de Clientë schueden.

"Amazon zwéngt Händler a Konventiounen, fir d'Präisser kënschtlech héich ze halen, well se wëssen, datt si (d'Händler) et sech net leeschte kënnen, dozou 'Nee' ze soen." Vill Produiten, déi online ugebuede ginn, kéinte méi bëlleg sinn, wann déi normal Gesetzer vum Maart géifen applizéiert ginn, esou de Procureur Rob Bonta.

Amazon wier um Marché esou dominant, datt Verkeefer et sech net leeschte kënnen, fir hir Konditiounen ofzeleenen. Händler dogéint, déi dëst ofleenen, riskéieren, datt hir Produite manner prominent op der Websäit placéiert ginn oder datt si guer net méi iwwer Amazon dierfe verkafen, esou de Procureur weider.

Schonn zu Washington hat de Parquet eng änlech Plainte deposéiert, déi gouf awer am Mäerz vum Geriicht refuséiert.

Vun Amazon heescht et, datt d'Verkeefer op hirer Websäit hir Präisser selwer festleeën.