Den 83 Joer alen Yvon Chouinard huet zesumme mat senger Famill zougestëmmt, all d'Undeeler u senger Kleedermark Patagonia un eng Stëftung z'iwwerdroen.

Dës Stëftung soll dofir suergen, dass déi ökologesch Wäerter vun der Entreprise weiderhi respektéiert ginn. Weider Aktië vun der Outdoor-Kleedermark sollen ausserdeem un eng Ëmweltschutzorganisatioun goen, déi an Zukunft och vun de Recettë profitéiere kéint.

De Chouinard huet Patagonia viru bal 50 Joer gegrënnt. Ëmwelt- a Klimaschutz waren dobäi ëmmer wichteg Facteure bei der Hierstellung vun de Kleeder. Materialer goufen deemno minutiéis no ökologesche Krittären ausgewielt.

De Wäert vun der Entreprise gëtt op 3 Milliarden Dollar geschat. D'Famille Chouinard wäert keng Sue méi vun der Firma kréien, mä trotzdeem am Virstand vertruede bleiwen an d'Stëftung surveilléieren.