Der Zeitung "Mirror" no wier de Kinnek nom Doud vu senger Mam op 13 Evenementer gewiescht an hätt dobäi bal 2.500 Kilometer zeréckgeluecht.

Den éischte Stresstest als neie Kinnek huet den Charles III. eng Woch nom Doud vun der Queen Elizabeth II. antëschent hannert sech. Een Dag nom Doud vu senger Mam ass hie scho vu Schottland op London bei de Buckingham Palace gereest, fir do eng Ried ze halen.

Den 10. September hat hien da seng offiziell Proklamatioun als neie Kinnek. Den 12. September stoung fir hien d'brittesch Parlament um Programm, éier hien de selwechten Dag bei seng Fra Camilla zeréck a Schottland geflunn ass. Den 13. September hat hien dann e Rendez-vous an Nordirland.

E Mëttwoch de 14. September war dunn den héich emotionalen Trauerzuch zu London. Begleet gouf de Kinnek Charles III. vun der enkster Famill. De Sarg gouf vum kinnekleche Buckingham Palais an d'Westminster Hall bruecht, wou d'Queen nach bis den 19. September roue wäert.