Mat enger ongewéinlecher Method huet eng 27 Joer al Fra zu Mainz eng Serie vun Déifställ opgekläert.

Der Police no hätt d'Fra den Déif mat engem GPS-Sender an engem Teddybier ausgetrickst. Deemno hat d'Fra hire Schlëssel vun der Bréifkëscht verluer a zanterdeem krut si weeder Post nach Colisen. D'Fra huet ugeholl, dass een hire Schlëssel fonnt huet an zanterdeem hir Post geklaut huet.

Dunn huet si sech en Teddybier direkt un hir Hausdier liwwere gelooss an dunn e GPS-Sender dra verstoppt. De Colis mam Bier huet si an d'Bréifkëscht gestach an zwee Deeg dono war e fort.

Si konnt d'Plüschdéier an enger Wunneng aus hirer Noperschaft uerten an huet doropshin d'Police geruff.