Dobäi handelt et sech ëm e Graf aus den Zäite vum ägyptesche Pharao Ramses II.. An der Kummer, déi vollstänneg erhalen ass, leie Knachen a Leem-Vase.

Bei Bauaarbechten zu Kibbuz Palmachim um Mëttelmier huet e Bagger eng Graf-Kummer aus dem 13. Joerhonnert viru Christus fräigeluecht. An der Kummer goufen historesch wäertvoll Géigestänn entdeckt. Archeologen hunn Amphoren, Uelegluuchten, Kréi souwéi Schuelen a Schosselen aus Leem fonnt. Doriwwer eraus hu si Behälter fir wäertvoll Substanzen an och Feil- a Bouspëtzen aus Bronze fonnt.

Wiem dës Kummer fréier gehéiert huet, ass iwwerdeems net gewosst. D'Läiche vun de Kierper, déi an der Kummer bäigesat goufen, géife keng DNA-Analyse méi zouloossen, heescht et vum Historiker Yannai. Esou misst een duerch d'Géigestänn erausfannen, wéi eng Famill am Besetz vun der Graf-Kummer gewiescht wier.

Mat der neier Entdeckung erhoffe sech Historiker a Fuerscher elo nei Informatiounen iwwert dat zäitgenëssescht Liewe vun den deemolege Leit ze sammelen. Esou erhofft ee sech rauszefannen, wat a wéi d'Leit deemools giess hunn a wéi an der Bronze-Zäit d'Leit bäigesat goufen. Experten op der ganzer Welt si sech sécher, datt ee mat dëser Entdeckung bis ewell ongekläerte Froe beäntwere wäert.